All News aus de Fréisenger Schoulen

Back to school!
2024-09-15D'Fréisenger Léierpersonal wënscht de Kanner eng schéi Rentrée fir d'Schouljoer 2024/2025.

Ile au clowns
2024-07-15D'Zirkuswoch huet eis als Schoul erméiglecht d'Somme vu 4235€ un d'Asbl Ile aux clowns ze spenden. Mir soen e groussen MERCI dem Zirkus Zapp Zarapp, dem Léierpersonal, den Elteren an de Kanner fir des flott Zesummenaarbecht.

Fréisenger Schoulfest 5. Juli
2024-06-27SAVE THE DATE!
De Fréisenger Schoulfest fënnt de 5. Juli statt ab 16 Auer am Haff, mir soen elo schonn e grousse merci der APEF fir d'Organisatioun an un all deene Leit déi wäerten hëllefen fir eis dat Fest ze erméiglechen.
Classe Verte C4.2
2024-06-17Ufanks Juni waren déi dräi Klasse vum Cycle 4.2 an Classe Verte zu Beefort. Véier Deeg laang hunn si u verschiddene Aktivitéiten deelgeholl, wéi zum Beispill Bouschéissen, Klettere oder Geocaching.

Coupe scolaire C4.2
2024-06-17





Musée des Mines
2024-06-13De Cycle 4.2 hat e flotten Dag am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hei konnte Kanner sech a Roll vun de Minnenaarbechter versetzen. Sie konnte bueren, ware bei enger simuléierter Sprengung derbäi a haten Méiglechkeet déi gesprengte Steen mam Hummer ze zerklengeren. Um Enn vun der interaktiver Féierung goufe Kanner nach mat engem klenge Cadeau iwwerrascht..

Coding im Zyklus 1 und 2
2024-05-26

D'Billie, den Australien Shepherd, geet an d'Fréisenger Schoul.
2024-05-13D'Fréisenger Schoul huet en neie Member säit kuerzem, an dat ass d'Billie der Madamm Nathalie Lutgen hiren Australien Shepherd. Wisou d'Billie an d'Schoul kennt a wat dat alles mat sech bréngt kenn dir hei weiderliesen.


D'Fréisenger Schoul am Kannaniuss um Rtl
2024-05-07Rendez-vous e Sonnden den 12.Mee 2024 um 18.30 um Rtl fir d'Fréisenger Schoul an hirer Zirkuswoch vum Zappzarap ze gesinn.

Virliesconcours 2024
2024-05-07D'Lisa Reinert aus der Klass vun der Madamm Hriscu Anaïs aus dem Cycle 4.1 ass d'Gewënnerin vun der Regioun vum Virliesconcours 2024 organiséiert vum Script.