All News aus de Fréisenger Schoulen

Zirkus Zappzarap
2024-04-26D'Fréisenger Schoul huet déi Woch vum 22. Abrëll 2024 den Zirkus Zappzarap an der Schoul begréisst.

Mimamumusek Challenge
2024-04-22D'Klass vun der Madamm Reiff Kelly mat der Begleedung vun der Madamm Bausch Jennifer hunn den 2tn Präis gewonn an der Mimamumusek Challenge. D'Final huet op der YEP Schoulfoire stattfonnt mat der Präsenz vum Här Minister Claude Meisch.

24h Electro For Kids
2024-03-29D'Klass vun der Madamm Reiff Kelly an d'Superheldenklass vun der Madamm Hriscu Anaïs aus dem Cycle 4.1 waren den Rocklab besichen am Kader vum Event 24h Electro for Kids. D'Kanner hunn nei Instrumenter entdeckt an si hunn zesumme Musek gespillt.

Concours Jeune Journaliste
2024-03-25D'Superheldenklass vun der Madamm Hriscu Anaïs huet den éischte Präis an der Kategorie manner wei 12 Joer gewonnen.
Formatioun B-YOU
2023-09-28D'Schoulmeeschteren an d'Jofferen si mol wuertwiertlech a eng kaalt Bidde gespronge.

Viirliesung Marc Weydert
2023-05-10Den 10. resp. 15 Mee hun d‘Kanner vum 2-4 un enger Virliesung vum Marc Weydert deelgeholl.

Konscht vum C4.2
2022-08-29Invitatioun op d'Ausstellung.
Kommt eis besichen



Sportsdag 20. an 22.06.2022
2022-07-04Kanner aus dem C1-C4 hunn u flotten Aktivitéiten deelgeholl an derbäi och vill nei Spiller an Sportaarte entdeckt an opgegraff.
Insgesamt goufen de Kanner 6 Atelieren ugebueden, op deenen allkéiers en anert Thema vertrueden war, wéi ënner anerem den Dodgeball oder den Street Racket.
Den Atelier vum Street Racket gouf fir Kanner aus dem C3-C4 vun engem Responsabelen gehalen, deen si an des flott an usprochsvoll Sportaart agefouert huet. Fir Kanner aus dem C1-C2 gouf den Street Racket ugepasst, sou dass si och deelhuelen konnten.
Fir all Zykel war eppes derbäi an d'Kanner haten en flotten Mueren.
En groussen Merci geet un déi Fräiwëlleg, déi sech Zäit geholl hunn fir un den Atelieren auszehëllefen, an awer och un d'Kanner fir hiren mega Asaz.

