Navigatioun

Login


Association des parents d'élèves de la Commune de Frisange



» www.apef.lu

Kalenner


chevron_left
chevron_right

» zur Gesamtiwwersiicht

Wëllkomm op eiser Website


Wëllkomm op der Websäit vun der Grondschoul Fréiseng. Hei kënnt Dir Neiegkeeten a ganz vill Informatiounen ronderëm eis Schoul fannen. De Site ass gläichzäiteg och eng Aarbechtsplattform fir d'Kanner an d'Enseignanten. Vill Spaass beim Entdecken.

Aktuell News | Archiv |



Back to school!

2024-09-15

D'Fréisenger Léierpersonal wënscht de Kanner eng schéi Rentrée fir d'Schouljoer 2024/2025.




Fréisenger Schoulfest 5. Juli

2024-06-27

SAVE THE DATE!

De Fréisenger Schoulfest fënnt de 5. Juli statt ab 16 Auer am Haff, mir soen elo schonn e grousse merci der APEF fir d'Organisatioun an un all deene Leit déi wäerten hëllefen fir eis dat Fest ze erméiglechen.




Classe Verte C4.2

2024-06-17

Ufanks Juni waren déi dräi Klasse vum Cycle 4.2 an Classe Verte zu Beefort. Véier Deeg laang hunn si u verschiddene Aktivitéiten deelgeholl, wéi zum Beispill Bouschéissen, Klettere oder Geocaching.




Coupe scolaire C4.2

2024-06-17

🇱🇺 COUPE SCOLAIRE 2024 🚴🏻
E Freideg hunn 42 Kanner un der Coupe scolaire zu Uespelt deelgeholl.
Felicitatioun un eis jonk Cyclisten a merci dem Léierpersonal, der Police souwéi och der Elterevereenegung 🙌
🇱🇺 COUPE SCOLAIRE 2024 🚴🏻
Vendredi, 42 élèves ont participé à la Coupe scolaire à Aspelt.
Félicitations à nos jeunes cyclistes et merci aux enseignants, à la police, ainsi qu'à l'association des parents d'élèves
(Text vun der Gemeng Fréiseng)



Musée des Mines

2024-06-13

De Cycle 4.2 hat e flotten Dag am Musée des Mines zu Rëmeleng. Hei konnte Kanner sech a Roll vun de Minnenaarbechter versetzen. Sie konnte bueren, ware bei enger simuléierter Sprengung derbäi a haten Méiglechkeet déi gesprengte Steen mam Hummer ze zerklengeren. Um Enn vun der interaktiver Féierung goufe Kanner nach mat engem klenge Cadeau iwwerrascht..





Nächst Lescht

News Feed

Eise Feed opmaachen / abonnéieren

Erklärungen (Win / Mac)

Anleitungen


Alle Anleitungen auf olefaschool.lu

Dimmi! Sichere und direkte Kommunikation zwischen der Schule » Eltern / Erziehungs-berechtigten

Dimmi! Affiche